MAMER WISELN asbl: RENTRÉE 2020/2021


14 September 2020

M A M E R  -  V E R Ä I N E R

Erstallt vum Mamer Wiselen

Léif Memberen a Frënn vun de Mamer Wiselen asbl

Mir freeën eis Iech den aktuelle Wisel fir dat 1. Trimester 2020/21 ze presentéieren.

 

Duerch eisen Projet "paperless" schécken mir den Wisel nëmmen nach per Mail un eis Memberen an setzen en op eisen Internetsite (www.mamerwiselen.lu).

Eisen Umeldungssystem funktionéiert dëst Joer och digital iwwer Google Forms, falls Froen sinn hëllefe mir gären weider (inscription@mamerwiselen.lu). Den 1. Delai ass den 22.09., den 2. Delai ass 10.11.

 

Mir sinn frou, dass mir trotz der aktueller Situation d'Vertraue vum Ministère kritt hunn, an maachen eist Bescht fir sécher a flott Aktivitéiten ze organiséieren.

 

Fir déi 1. Versammlung biede mir iech alleguer mat enger Mask/Buff ze kommen. Dir kennt d'fiche d'inscription an d'fiche médicale am viraus op eisem Site ennert Downloads eroflueden an ausfëllen fir en längeren Kontakt ze evitéieren.

 

Lénks Patt,

Är Gruppecheffen